Podpurri Episod 65: De Filmkënschtler Émile V. Schlesser

08/03/2022
Podpurri Episod 65: De Filmkënschtler Émile V. Schlesser
Play

D'Passioun fir de Film hat hie scho vu klengem un, mee och Konscht a Molerei spillen eng wichteg Roll a sengem Liewen. 

"Kowalsky" heescht de neie Kuerzfilm vum Émile Schlesser, deen aktuell awer och un long métrage schafft. Donieft huet de Filmkënschtler mam Claudia Kollwelter iwwert säin Nomadeliewen tëscht Düsseldorf a Lëtzebuerg geschwat, e grousse Projet am Kader vun Esch2022 an erkläert wat et bedeit Synästhetiker ze sinn.

iTunesSpotify