Podpurri Episod 77: De Gollo Steffen
14/06/2022

De Museker Robert Gollo Steffen
1982 koum en Album eraus mat Rockmusek an Texter op Lëtzebuergesch, dat war deemools ongewinnt. D'Robert Stephen Band hat bis dato och éischter englesch gesongen. Mee de Robert - genannt Gollo- Steffen hat ugefaangen d'Lëtzebuergescht och als "Song-Sprooch" z'entdecken. 40 Joer dono spillt d'Original-Band vun deemools nach emol nom Motto "Ka komme wat wëllt" zu Miersch am Kulturhaus.