Podpurri Episod 84: Claude Weber

27/09/2022
Podpurri Episod 84: Claude Weber
Play

De Pianist Claude Weber

Hiren Numm war bis virun en etlech Joer als Komponistin kengem e Begrëff, bis eng Walliss mat Manuskripter vun der Helen Buchholtz opgetaucht ass. Zënterhier gëtt hiert Wierk, dat se no hirem Doud 1953 hannerlooss huet, ëmmer nees opgeschafft. De Pianist Claude Weber ass vun Ufank u mat derbäi an huet an de leschten 20 Joer ëmmer nees Projeten mat op de Wee bruecht. Am Bridderhaus zu Esch gëtt et bis Enn des Jores de "Salon de Helen Buchholtz", an deem ee Musek, Konscht a Liewen aus der Zäit vu virun 100 Joer entdecke kann.

iTunesSpotify