Podpurri Episod 96: Valérie Quilez an Diane Tobes kulturlx
20/12/2022

Zënter Februar 2021 gëtt et kulturlx, zënter Juni 2021 ass d'Struktur offiziell aktiv mat un der Spëtzt zwou Fraen:
An dem Kulturentwécklungsplang steet als eng vun de Fuerderungen d'Creatioun vun engem Arts Council: kulturlx.
Wéi sinn d'Erfarungen no anerhallwem Joer a wat d'Erwaardungen an Erausfuerderungen als Binôme un der Spëtzt? A wat sinn d'Funktiounen vu kulturlx, nodeems d'Chamber unanime de Gesetzesprojet vun engem Etablissement public gestëmmt huet.