Podpurri Episod 98: D'Musekmanagerin Stephanie Baustert

17/01/2023
Podpurri Episod 98: D'Musekmanagerin Stephanie Baustert
Play

Si ass d'Laureatin vum Musekspräis "Hannert der Bün".

Den 21. Dezember 2022 si fir d'éischte Kéier d'Lëtzebuerger Musekspräisser iwwerreecht ginn. An der Kategorie "Hannert der Bün" gouf Stéphanie Baustert ausgezeechent, déi an de leschte fënnef Joer vrun allem am Beräich Jazz-Musek geschafft huet.E Gepréich iwwer hire Wee an de selbstännegen Job, iwwer de Stellewäert vum Jazz, iwwer d'Bourse vu kulturlx an iwwer den "Emile".

iTunesSpotify