Podpurri Episod 105 mam TNL-Direkter Frank Hoffmann
07/03/2023

1996 war hien den Initiator vum Théâtre National a bis haut säin Direkter.
Fir d'Produktioun "Café Terminus", déi eng dystopesch Vue op Lëtzebuerg 2039 soll sinn a sech um Stéck "Der Eismann kommt" vum Eugene O'Neil inspriréiert, huet de Frank Hoffmann net nëmmen als Regisseur, mee och als Auteur geschafft. Gewise gëtt eng Gesellschaft an der Kris, mat Personnagen, déi sech an engem Café zesummeverschanzen.