Podpurri Episod 120: De Moler Arny Schmit
27/09/2023

Beyond Nature heescht seng aktuell Expo an der Galerie "Reuter Bausch".
Den Arny Schmit stellt net just Tableaue, mee och Installatiounen aus. A sengem Studio huet deMoler dem Claudia Kollwelter erkläert wou seng Leidenschaft fir Landschaften hir kënnt, wéi hie vum zeechnen op d'mole koum an haut och méi dräidimensional schafft. Donieft huet de Kënschtler iwwert seng eegen Entwécklung geschwat, iwwert d'Technik déi hie fir seng Biller benotzt an d'Loscht mat der Konscht ze experimentéieren.