Picasso - Episod 1: D'Phenomen Picasso a säi Wierk mam Titel „Guernica“

De Pablo Picasso huet mat sengem Wierk d’Konschtgeschicht gepräägt. Nieft senger Roll als Matbegrënner vum Kubismus ass hie virun allem fir Guernica bekannt.

Dat monumentaalt Bild, dat 1937 entstanen ass, gëllt bis haut als ee vun de wichtegsten Antikrichswierker vun der moderner Konscht.