Picasso - Episod 4: Reesverbuet fir Guernica

Weieng international Wierkung huet Guernica haut nach a firwat dierf et elo net méi reesen?

No méi wéi 40 Joer am Ausland ass dem Pablo Picasso säi Wierk Guernica 1981 zeréck a Spuenien komm. No ville Jore vu Reesen a verschiddene Länner ass d’Bild haut am Museo Reina Sofía zu Madrid ausgestallt. Wéinst sengem fragilen Zoustand däerf et net méi ausgeléint ginn. Bis haut gëllt Guernica als en internationaalt Symbol géint Krich a Gewalt an als ee vun de wichtegste Konschtwierker vum 20. Joerhonnert.