The Beatles - Episod 2: D’Beatles hunn eng ganz Kultur geprägt.

Ma wéi konnten d’Beatles sou berümt ginn a wat haten d’60er Joren domat ze dinn?

Mat hirem neie Sound, hire markante Frisuren an hirem extravagante Stil hunn The Beatles d’Popkultur vun den 1960er Jore gepräägt. Vum Rock ’n’ Roll bis hin zu psychedelescher Musek mat Hippie- an indeschen Aflëss huet sech d’Band mam Zäitgeescht verännert. Den Album "Sgt. Pepper’s Lonely Hearts Club Band" markéiert dobäi eng nei musikalesch Ära.