Preview: Woch vum 9. September

08/09/2020

An den neie Kinossortien vun dëser Woch dréit sech alles ëm Literatur an ëm Schrëftsteller.

Mat derbäi ass eng modern Adaptatioun vum Charles Dickens sengem David Copperfield, en dramateschen Thriller an deem d’Elisabeth Moss d’Schrëftstellerin Shirley Jackson spillt, eng franséisch Comédie an där e Bestseller d’Liewe vun enger Koppel an hire Kolleegen drastesch verännert an en amerikaneschen Horrorfilm an deem eng Schrëftstellerin tëschent zwou Welten hin an hier gerappt ass.