Basketfederatioun kuckt positiv an d'Zukunft

14/05/2023

Eng turbulent Saison ass fir déi Lëtzebuerger Basketball-Federatioun viru ronn 2 Wochen op en Enn gaangen.

No deenen zwou Affären an der Coupe, wou Verschiddenes schif gelaf ass, probéiert een elo positiv an d’Zukunft ze kucken. Genau dofir hat d'FLBB och e Sonndeg de Moien op eng Assemblée Générale Extraordinaire an d'Coque agelueden.