Regional Saisonal – Episod 2 Hanf
An der zweeter Episod iwwer d'lokal Produzenten huele mer Iech mam Norbert Eilenbecker mat op een Hanffeld am Norde vum Land.
An der Emissioun Regional Saisonal geet et an den Norden op een Hanffeld. Do baut den Norbert Eilenbecker zanter méi wéi 20 Joer dës Notzplanz un. Ugaangen ass et mat engem Leader Projet bei deem si innovativ Projete sollte virschloen. D’Baueregenossenschaft "Ourdaller S.c" ass do op d’Hanfplanz gestouss. Bis 1995 war den Ubau nach zu Lëtzebuerg verbueden. Dobäi ass et eng Planz, déi ganz vill kann. De Notzhanf huet ee ganz geréngen THC-Wäert an dofir och keng psychoaktiv Wierkung. D’EU huet eng Lëscht vu Käre virgesinn, déi dierfe genotzt ginn. Maximal 0,2 Prozent un THC sinn erlaabt.
Den Norbert Eilenbecker mécht domadder ënner anerem Téi, Kären, Ueleg an elo och Hanfmiel. Dat ass a sech een Offallproduit bei der Produktioun vum Ueleg. Do bleift eng Aart Kuch iwwreg, mat deem een dann och bake kann. Den Hanf huet een héije Proteingehalt, gutt Omega 3 Fettsaieren an ass dann och nach ouni Gluten. Ganz ouni anert Miel kann een et awer net notzen, dofir ass et ze dréchen. Et ass éischter geduecht fir bäizemëschen.
Aus landwirtschaftlecher Siicht wär et och interessant. D’Planz lockert de Buedem a späichert ganz vill Co2. Et ass ee Rohstoff, dee séier nowiisst. 5 bis 10 Zentimeter den Dag kann den Hanf wuessen. Fréier ass och Pabeier draus gemaach ginn. Déi staark Fasere kënne fir d’Produktioun vu Kleeder oder Seeler geholl ginn. Den Nodeel ass, dass d’Recolt nach schwéier ass, well den Hanf ebe grad esou resistent ass. Do scheitert sou munch Maschin.
Mëttlerweil entdeckt och d’Medezin ëmmer méi seng positiv Wierkungen. De CDB, deen aus der Planz ka gewonne ginn, gëtt schonn zum Beispill Epilepsie agesat. Iwwregens keng ganz nei Entdeckungen, et ass eng vun deenen eelsten Notz- an Heelplanzen vun der Welt.
