Avis CCDH on Equality
07/12/2020

Gewalt vu Männer géint Fraen, Prostitutioun a Mënschenhandel, de limitéierten Accès vu Fraen op Muechtpositiounen - dat sinn an den Aen vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun Problemer, un deenen ee schaffe muss, wann een eng Gläichstellung tëschent Fraen a Männer erreeche wëll. Den Aktiounsplang vum Ministère fir d'Gläichheet tëschent Fraen a Männer géif deem awer net wierklech Rechnung droen. Fanny Kinsch.
