Nohalteg Chrëschtdeeg

08/12/2020
Nohalteg Chrëschtdeeg
Play

Sou lues kann ee jo scho vu Chrëschtstëmmung schwätzen. Um Adventskranz brennt zanter dëser Woch déi zweet Käerz an och a Saache Reklamme si scho vill Entreprisen op de Chrëschtzuch opgesprongen. Kee Wonner, Chrëschtdag ass jo och eng Zäit an där vill consomméiert gëtt. Gutt Iessen, allerhand Dekoratiounen an natierlech d'Cadeauen. Dat steet meeschtens am Kontrast zu Nohaltegkeet, a wien wëll an der Chrëschtzäit schonn un d'Ëmweltkris erënnert ginn? Ma op puer Saache kann een oppassen, déi Chrëschtdag méi ëmweltfrëndlech maachen.