Sou ginn d'Eeër verpaakt
15/12/2020

Zu Bëschdref ass de Sitte vu Bio-Ovo. Hei komme sämtlech Eeër vun 12 Bio-Baueren zësummen a ginn dann an d'Këschte verpaak an dono duerch d'agnz Land geliwwert. Zu de Clienten vu Bio-Ovo zielt ënnert aanerem de Cactus oder och d'Mark Biog. An der 800 Metercarré Produktiounshaal gëtt 2 Mol d'Woch geschafft déi Deeg duerno gëtt ausgeliwwert an sech Zäit fir administrativ Aarbescht geholl. Bio-Ovo wiisst vu Joer zu Joer, ma well dat awer och weiderhin lues ugoen. De Verantwortlechen ass gesonde Wuestum wichteg. De Loïc Juchem haate mir de Moien am RTL Wecker och genee dohin op Bëschdref gescheckt an hien huet do ënnert aanerem nogekuckt wei d'Eeër verpaakt goufen.
