Online Konferenz: Dialog amplaz Haass
14/12/2020

Iwwert Extremismus a Radikaliséierung héiert een ëmmer méi. D'Terrorattacken an de leschte Joren hu gewisen, dass et immens wichteg ass méi an eiser Gesellschaft driwwer ze schwätzen. Engersäits fir Preventiounsaarbecht ze maachen, anerersäits awer och fir Leit ze beroden déi domat konfrontéiert ginn. Dat huet sech och d'Lëtzebuerger Regierung geduecht a virun e puer Joer eng Plattform an d'Liewe geruff déi sech mam Sujet ausenanersetzt an eng Ulafstell fir Leit soll sinn déi direkt oder indirekt vun Extremismus an/oder Radikaliséierung betraff sinn, Nicky Soisson.
