Reaktioun vum Claude Turmes op d'Biogas-Kritiken

14/12/2020
Reaktioun vum Claude Turmes op d'Biogas-Kritiken
Play

Et schéngt wéi wa se scho jorelaang därmoossen am Klinsch wieren, dass e Versteesdemech oder eng gemeinsam Zukunftsplanung vu vir eran onméiglech ass...! Biogasvereenegung a Politik um Krichsfouss...déi eng SI Gréng, déi aner SCHAFFEN an där Faarf – eens gouf ee sech bis elo trotzdem net! Firwat maachen Biogasanlagen zou, wann d’Politik op där anerer Säit erkläert, de Secteur wier hir wichteg an et hätt een eng Zukunfts-Strategie?! Nodeems d’Biogasvereenegung de leschte Freideg op eiser Antenne hiren Doléancen fräie Laf gelooss huet, koum kuerz drop, d’Reaktioun vum Energieminister. E Reportage vum Monique Kater.