Moies fréi am Bësch un der belscher Grenz

16/12/2020
Moies fréi am Bësch un der belscher Grenz
Play

All Bësch huet säin Charme. Dat behaapten op d'mannst Fierschter, wann ee se schwäerme léisst. De Marc Parries ass Preposé de la nature et des forêts, an zoustänneg fir Stengefort an huet sech e Moien Zäit geholl fir dem RTL Reporter d'Schéinheeten vun engem Bësch ze weisen, deen bei enger Baach läit, an dofir ganz besonnesche Beem dee richtegen Terrain bitt, déi e nährstoffräiche Buedem sichen, an och kee Problem mat Héichwaasser hunn.