E Staatsbësch mat Nolebeem
16/12/2020

Sou wéi e Bam och mat all Waasser gewäsch ass, an all Stuerm muss aushalen, sou ass et och mat de Fierschter déi en A op d'Beem halen, fir dass se grouss ginn a sech entfale kënnen. Et sief dann d'Wieder mécht hinnen soss e Stréch duerch d'Rechnung oder se ginn vun Déiere befall. Dann kann et sou goen wéi an engem Staatsbësch an der Regioun Stengefort wou an de 50er Joren Nolebeem geplanzt goufen deenen hier Stonn elo geschloen huet.
