Fondation Follerau: De Gesondheetsprogramm "Fixer Une Étoile" sensibiliséiert Leit am Togo
16/12/2020

Fléissend Waasser ass vir eis eng Selbstverständlechkeet. Grad elo a Corona-Zäiten ass et wichteg sech dacks d'Hänn ze wäschen, fir esou d'Gefor vun enger Infektioun kleng ze halen. Et gëtt awer Plazen op dëser Welt wou dat net méiglech ass. Et feelt einfach u sanitären Infrastrukturen. Bei der Fondatioun Follerau huet ee sech Suerge gemaach. Et ass een ënnert anerem am Togo aktiv ginn. D'Infektiounszuele sinn trotz de katastrophalen Zoustänn net weider héich. Wéi eis Direktesch vun der Fondatioun Follerau am RTL Interview sot.
