Den DAB+ Test zu Lëtzebuerg geet op en Enn
18/12/2020

Am September dëst Joer huet eng nei Ära zu Lëtzebuerg ugefaangen. Déi éischt Schrëtt si gemaach ginn, fir de Radio ze digitaliséieren. Dat war awer just eng Testphase vun der digitaler Diffusiounsnorm DAB+, déi op 3 Méint ausgeluecht war. An déi kënnt dëse Weekend op een Enn.
