Serie Soziales (2): WG am Neiduerf

Wunngemeinschaften a Cafés-Zëmmer - Solidarescht Wunnen. “Hues de héieren, de Misch wunnt ewell an engem Cafés-Zëmmer...?!” Wann esou eppes an der Noperschaft oder am Duerf Bistro gezielt gëtt, heescht dat gemenkerhand näischt Guddes! Well mat engem Cafés-Zëmmer ginn direkt emol 2 Critèren associéiert: do liewen Leit, déi sech keng normal Wunneng méi kënne leeschten an da gi se vlaicht och nach vun engem Propriétaire ausgenotzt, well d’Zëmmer vill ze vill kascht, fir dat wat et ass...! Dacks ass dat effektiv de Fall! An eiser Serie iwwer d’Wunngemeinschaften an d’Cafés-Zëmmer fueren mer vun Esch, wou mer gëschter waren, an d’Stater Neiduerf, wou d’asbl LIFE dem Monique Kater ee vun hire ronn 20 ANEREN WG-Projeten gewisen huet...et si Wunngemeinschaften an deene virun allem d’Solidaritéit grouss geschriwwe gëtt.
