D'Wuert vum Joer 2020
28/12/2020

Wéi ee Wuert fält Iech dann als éischt an, wann dir op d'Joer 2020 zréckbléckt? Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet, zesumme mam RTL a mam 100,7 dëst Joer fir déi éischte Kéier d'Wuert vum Joer gesicht. Eng Woch laang konnten d'Leit Ufank Dezember hir Virschléi eraginn, wéi ee Wuert fir si d'Joer am beschte representéiert. An do sinn der eng ganz Partie zesummekomm.
