Turmes bei de Baueren BAND

“D’Biogasproduktioun ass déi eenzeg Spart vun den erneierbaren Energien, wou et Strofe gëtt, wann eng Anlag net genuch Leeschtung bréngt; Lëtzebuerg ass an deem Beräich dat eenzegt Land, dat déi europäesch Virschrëften streng applizéiert; de Secteur gëtt vun der Regierung wéi e Stéifkand behandelt, an esou mécht eng Biogasanlag no däer anerer zou!” ... no dësen zimlech schaarfe Kritike vun der Biogasvereenegung vu viru gutt zwou Wochen am RTL Journal, huet den zoustännege Minister Claude Turmes, hir Vertrieder spontan op der Kierchbierg invitéiert. Doléancë vun de concernéierte Baueren si bekannt – an eng offiziell Reunioun steet eigentlech fir Mëtt Januar un. Firwat also dëse RV? Wat erwaarde sech d’Bedreiwer vun de Biogasanlagen elo vun der Politik? D’Monique Kater huet nogefrot
