Stroossen-Engelen BAND
30/12/2020

Si kucke no de Leit déi op der Strooss liewen, ginn hinnen z’iessen a soss Hëllef déi deen Ament néideg ass, mee d’asbl probéiert och, déi Concernéiert vun der Strooss erofzekréien...de Stroossen Engelen ass et egal, ob et Famillje sinn, eleng erzéiend Mammen oder Pappen, oder Senioren... Si bréngen de Leit z’iessen, mee och Kleeder, Schloofsäck...d’Aarmut géif ëmmer méi visibel hei am Land, sou de Grënner vun der asbl, deen hir Aarbecht als komplementar zu der staatlecher oder kommunaler Offer fir sozial schwaach Leit gesäit. Hier Clientèle ass dacks déi déi sech manner sozial verhält, an ënnert deene sëlleche Nationalitéiten wieren och ëmmer méi Lëtzebuerger... E Reportage vum Monique Kater
