Webinar iwwert d'Anti-Covid Impfung

04/01/2021
Webinar iwwert d'Anti-Covid Impfung
Play

Den 28. Dezember war et no laangem Waarden souwäit, déi 1. Impfunge géint de Covid-19 goufe gemaach! Domat war dann e Liichtbléck geschaf, no engem laangen an ustrengenden Joer dat vill vun eis staark op d'Prouf gestallt huet. Enger zwar net representativer Ëmfro no wëllen aktuell nëmme 55% vun den Awunner sech géint de Virus impfe loossen. Et ginn, sou d'Ausso dacks, einfach nach ze vill oppe Froen an Zweiwel wat dës nei Impfung ugeet. Genee dat hunn d'Hôpitaux Robert Schuman sech zu Häerz geholl, Nicky Soisson.