Interview Dr Schockmel - brittesch Variant vum Coronavirus
05/01/2021

Déi brittesch Variant vum Coronavirus géif scho méi laang zu Lëtzebuerg existéieren. Ma wier elo räicht kierzlech detektéiert ginn, esou den Dr. Gérard Schockmel, Spezialist fir Infektiounskrankheete vun den Hôpitaux Robert Schuman, am RTL Interview. Och wann nei Etüde géifen drop hiweisen, datt d'Mutatioun net esou ustiechend wier ewéi Ufanks geduecht, wier d'Variant net ze ënnerschätzen. Tim Morizet.
