D'Déieren bei der ASBL Hope4Paws
07/01/2021

Am RTL-Wecker si mir a Frankräich zu Launstroff am Stall vun der ASBL Hope4Paws gewiescht. D'Valérie Tonon huet dës ASBL de 16. Mäerz gegrënnt a gëtt zanter dem ëmmer méi grouss. Déieren, déi bei Hope4Paws opgeholl ginn, bleiwen de Rescht vun hirem Liewen bei hinnen. Aktuell sinn um Haff Päerd, Kazen, Hënn, Deckelsmouken an e Kallef. Déi ganz Geschichten hannert den Déieren héiert dir am RTL- Interview.
