Beim Schéifer - de Florian Weber a seng 600 Schof

06/01/2021
Beim Schéifer - de Florian Weber a seng 600 Schof
Play

D'Kanner kennen bestëmmt alleguerten "Shaun das Schaf" oder hunn de Film "Ein Schweinchen namens Babe" gesinn, wou d'Schof och eng wichteg Roll gespillt hunn. Eisen RTL Reporter war de Moien mat de Schof vum Florian Weber vu Léiler ënnerwee. An datt dat keen Hobbyschéifer ass, mierkt een schonn direkt un der grousser Zuel vun knapp 600 Stéck.