"Goldener Spatz" sicht Kanner fir an de Jury

08/01/2021
"Goldener Spatz" sicht Kanner fir an de Jury
Play

Vum 6. bis den 12. Juni 2021 fënnt deen 29. Däitsche Kannermediefestival "Goldener Spatz" zu Gera an Erfurt statt. Hei gi Präisser fir déi bescht Kino- an TV Bäiträg souwéi fir digital Offere fir Kanner verdeelt. Dat flott bei dësem Festival ass, dass zënter iwwer 40 Joer d'Zilgrupp dobäi selwer entscheet wien de "Goldene" Spatz kritt. Sollt Äert Kand sech fir Film a Medien interesséieren, dann heescht elo d'Ouere spëtzen. Firwat, dat gitt Dir elo direkt vum Nicky Soisson gewuer!