Kultursecteur vs Covid

11/01/2021
Kultursecteur vs Covid
Play

No méi wéi annerhallwem Mount am partielle Lockdown, dierfe vun haut un och déi Lëtzebuerger Kinoen, Theateren a Kulturhaiser nees Public empfänken.
Maximal 100 Leit dierfen sech hei versammelen, dat natierlech just mat Mask an et muss och weiderhin eng Distanz vun op d'mannst 2 Meter agehale ginn. Och wann d'Schaffen duerch déi streng Restriktioune weiderhin net ganz einfach wäert sinn, sou kann een awer nees opootmen, ëmmerhi sinn erëm Perspektiven do.
D'Sandy Elsen huet mam Direkter vum Iechternacher Trifolion doriwwer geschwat, wéi si de Neistart an dat kulturellt Liewen organiséieren.