D'LOD-Hitparad 2020
11/01/2021

LOD steet fir Lëtzebuerger Online Dictionnaire un deem zanter gutt 15 Joer geschafft gëtt. Wann een e lëtzebuergescht Wuert sicht, kritt een hei gesot wéi een et schreift, et kann een et lauschteren, neierdéngs kritt een och déi phonetesch Schreifweis gewisen, deemno wéi gëtt et e Video mam Wuert a Gebäerdesprooch an et gëtt natierlech och d'Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch. A genee dëse Lëtzebuerger Online Dictionnaire stellt all Joer eng Hitparad vun deene meescht gesichte Wierder op, Nicky Soisson.
