Rekrutement Police
12/01/2021

Et ass wuel dee gréisste Rekrutement, deen et bei der Lëtzebuerger Police jee gouf. Iwwer dräi Joer solle ganzer 600 nei Polizisten forméiert an agestallt ginn. Ma fir iwwerhaapt bei där Formatioun dierfe matzemaachen, mussen d'Kandidaten zwou gréisser Hürden iwwerwannen. Fir d'éischt muss de Staatsexamen gepackt ginn an da mussen si och nach bei där sougenannter Epreuve spéciale gutt ofschneiden. D'Chancen, dass dat awer méi wéi 200 Leit wäerte packen, stéinge gutt, esou déi Responsabel vun der Police. Ëmmerhin hu sech eleng fir dëst Joer ronn 800 Leit gemellt. Maxime Gillen.
