Nees Spectateuren an der Philharmonie

12/01/2021
Nees Spectateuren an der Philharmonie
Play

Gëschter konnt och de Kultursekteur erëm komplett opmaachen a fir munch Haiser war dat och direkt d'Geleeënheet fir Seancen unzebidden. An der Philharmonie huet den OPL hiren traditionellen Neijoerschconcert gespillt. Normalerweis ass den Auditoire gutt gefëllt, dëst Joer war dat anescht. Trotz allem war een awer frou nees kënnen op der Bün ze stoen a viru richtegem Publik ze spillen. De Loïc Juchem war beim éischte Live-Optrëtt am neie Joer mat dobäi.