Eischte grénge Michelin-Stär fir Lëtzebuerg
12/01/2021

Den éischte grénge Michelin-Stär fir Lëtzebuerg, geet un de Restaurant "La Distillerie" vu Buerglënster. De René Mathieu krut dës Woch dës nei Auszeechnung fir seng gastronomesch Kichen, déi ewell ee Stär huet. Ma wat stécht eigentlech hannert dësem grénge Stär a wéi geet et engem Stären-Kach an dëse schwéieren Zäiten? De Loïc Juchem huet mat him geschwat.
