Beim Metzler - d'Fleesch gëtt geschnidden

14/01/2021
Beim Metzler - d'Fleesch gëtt geschnidden
Play

Den RTL-Live Reporter ass haut Grass beim Metzler Guy Kirsch ënnerwee gewiescht. De Loïc Juchem huet do hannert emol e Bléck an d'Produktioun geworf an huet ganz séier gemierkt, datt et e ganz ustrengende Beruff ass. An dëser Interventioun erkläert de Metzler wei haart et ass fir d'Fleesch ze schneiden an op wat hien oppasst, wann e seng Béischte beim Bauer aussicht.