Jugend a Corona BAND (R)
18/01/2021

D'Coronapandemie hannerléisst an allen Altersgruppen hir Spueren. Och wann déi meescht Kanner a Jonker d'Krankheet selwer manner fäerte mussen, hu si awer ënnert de Restriktiounen vun der Pandemie ze leiden. Homeschooling, Distanz zu de Frënn an déi vill Fräizäitaktivitéiten, déi gestrachh goufen, hunn hir Spueren hannerloossen a kënnen zu gréissere Belaaschtungen an ënnerlechem Drock féieren. D'Claude Zeimetz huet nom Enn vum zweete Lockdown bei Schüler- a Studentevertrieder de Bols gefillt.
