Brasserie Nationale - Wéi gëtt de Béier gebraut?

21/01/2021
Brasserie Nationale - Wéi gëtt de Béier gebraut?
Play

Am RTL Wecker war eise Live-Reporter de Moien zu Käerjeng bei der Brasserie Nationale op Besuch. Ganz séier huet de Loïc Juchem misse feststellen, datt Béier braue richteg komplex ass. Ronn 30 Mataarbechter schaffen aktuell an der Brasserie Nationale an dat geet och duer, de Recht maache ganz modern Maschinnen. De Produktiounsleeder, Maurice Treinen huet am Interview och verroden, datt all Béier, beispilsweis Battin oder Bofferding, seng eege Rezepturen huet, dofir gëtt och noenee produzéiert.