Waasser vun der Brasserie Nationale

21/01/2021
Waasser vun der Brasserie Nationale
Play

Eisen RTL Live-Reporter ass zu Käerjeng an der Brasserie Nationale ënnerwee gewiescht. De Loïc Juchem huet sech do awer net nëmme fir de Béier interesséiert, mee e wollt och méi iwwert hire neie Produit wëssen. Zanter puer Méint gesäit een an de Supermarchéen hei am Land och e néit Waasser-Label. Dëst Waasser kënnt och vun der Brasserie Nationale, nennt sech Lodyss a wier aktuell eng gutt Hëllef. Well et sinn schwéier Zäiten, Zäiten wou dach awer vill manner Fässer mat Béier verkaf ginn. De Mathias Lentz vun der Brasserie Nationale am RTL-Interview.