Iesse bei der Wanteraktioun

19/01/2021
Iesse bei der Wanteraktioun
Play

De ganze Wanter gëtt zu Lëtzebuerg deene Leit gehollef déi keen Dag iwwert dem Kapp hunn. Et ginn eng Partie Servicer ugebueden, vun deenen betraffe Leit kënne profitéieren. Een dovunner ass d'Wanteraktioun beim Findel. Um véierel op 7 kommen déi éischt Persounen Owes un, kréien eppes ze Iessen a schlofen da meeschtens och do. Den anere Moien, nom Kaffi, géint 9h00 geet et da mat engem spezielle Bus op d'Gare oder op d'Schaff. Owes gëtt et dann nees eng waarm Moolzecht a vrun allem eng waarm Schlofplaz. Eisen RTL-Reporter de Loïc Juchem war bei der Wanteraktioun um Findel mat dobäi a wollt och wëssen wat et ze Iesse gëtt a wei eng Sécherheetsmesuren wärend der Pandemie um Site vun der Wanteraktioun aktuell gëllen.