Wanteraktioun - Coordination de terrain
19/01/2021

En Dag iwwert dem Kapp huet net jiddereen a vrun allem an dësen Zäiten ass et wichteg, datt et Hëllef fir déi Leit gëtt. Mir sinn haut de Moie bei der Wanteraktioun um Findel mat dobäi a wëlle wësse wei eng Leit do schaffen an hëllefen. Bei der Aktioun engagéiert sinn d'Croix-Rouge, d'Inter-actions asbl an och d'Lëtzebuerger Caritas. De Loïc Juchem ass sech dëse Service méi genee ukucke gaangen a krut do ënnert anerem de Moien schonn en Abléck an d'Kichen an an déi Reim wou sech d'Leit nom a virum Iessen kënnen ophaalen.
