Succes Story 2020 - "De Reiskocher" an "Naway" 12 Méint méi spéit
19/01/2021

Fir sech selbstänneg ze maachen brauch ee Courage an e laangen Otem. 20 Kandidaten haten sech virun engem Joer där Challenge gestallt an ëffentlech gemaach wéi hire Projet ausgesäit, a wat se sech fir d'Zukunft virstellen. An der Success Story 2020 war et dunn un de véier Memberen vum Jury fir anzeschätzen op d'Iddi Potential hätt. An elo ronn 1 Joer méi spéit ass et Zäit fir ze kucken wien mat sengem Dram iwwerlieft, a wien opginn huet.
