Vereedegung vum Joe Biden
20/01/2021

De Joe Biden hat scho vun Ufank u séier kloer gemaach, datt seng Vereedegung mat wéinege Leit wäert iwwert d'Bün goen. Hien an seng Vizepresidentin Kamala Harris hunn och scho puer Mol den Opruff gemaach, datt d'Leit sollen doheem bleiwen. Dernieft sinn haut och keng Baler oder soss Partyen organiséiert ginn. De Loïc Juchem kuckt emol op de Programm vun der Vereedegung vum Joe Biden.
