Impfdag: Wat geschitt beim Impfen?

22/01/2021
Impfdag: Wat geschitt beim Impfen?
Play

D'Impfunge géint de Corona-Virus sinn zu Lëtzebuerg ukomm. Och wann nëmme lues geimpft gëtt, sou geet et awer virun. Eng Rei Leit stinn der Impfung skeptesch géintiwwer a wëssen net wierklech wat duerch déi Impfung am Kierper geschitt. Den Dokter Thomas Dentzer huet sech vill Zäit geholl fir op eis Froen ze äntweren.