Mir léiere sangen a stellen Iech d'Sängerin Cynthia Knoch vir
25/01/2021

Wien no laangem Üben e But erreecht, dee weess wéi glécklech dat maache kann...Déi eng erliewen dat Glécksgefill, wann se e ronnt Lieder an de Goal schéissen, anerer wann se endlech de Marathon packen, an da ginn et awer och Mënschen, déi hiert Gléck doranner fanne, wann se eng Oper ouni Feeler sange kënnen. Bleiwe mer beim Sangen... d'Fuerschung huet bewisen, dass dat eng immens positiv Auswierkung op eist Wuelbefannen huet, zum enge well et Gléckshormoner ukuerbelt a Stresshormoner ofbaut, -méi wéi beim Sport iwwregens- an awer och well et een an d'Balance bréngt an zefridde mécht. D'Michèle Schons wollt et ausprobéieren an huet sech professionell Hëllef gefrot... Michèle, kanns de eis schonn e Lidd sangen...?
