Impfdag: War d'Impfung ze séier um Maart?
22/01/2021

Haut op eisem Impfdag gi mir op déi heefegst Froen an déi ee sech sou bei deem neie Covid-19 Vaccin stelle kann. Eng dovunner ass, an dat gëtt nawell gären dacks als Argument gebraucht fir sech, op mannst nach net direkt, wëllen impfen ze loossen, dass den Impfstoff vill ze séier entwéckelt ginn ass an en dowéinst kaum kann zouverlässeg genuch sinn. D'Nicky Soisson huet sech informéiert.
