Käre vum Séi
12/02/2021

Den Naturpark Öewersauer encouragéiert säit Joren d'Baueren an d'Produzenten an der Regioun, méiglechst naturno an innovativ ze produzéieren an déi natierlech Ressource wéi Waasser an Energie ze respektéieren. Aus dëser Philosophie eraus ass well viru méi wéi 30 Joer de Label "Vum Séi" entstanen. A genee dëse Label krut dann elo, Nicky Soisson, nieft deene well bekannte Produite wéi ënnert anerem den Téi vum Séi, d'Véi vum Séi oder d'Bléi vum Séi, weideren Nowuess: d'Käre vum Séi.
