Tuddelen
16/02/2021

An der Ëffentlechkeet stoen, eppes soe wa jiddereen nolauschtert, ass jo fir vill Leit eng Experienz, déi net onbedéngt zu deenen angeneemsten zielt. Virun allem wann een och nach e Sproochfeeler huet an d'Wierder net esou rauskomme wei si sollen. Vum Tuddele sinn zum Beispill vill Leit och nach am Erwuessenenalter betraff. E ganz berüümt Beispill ass den aktuellen US-President Joe Biden. Ronderëm d'Tuddele ginn et awer och vill Virurteeler.
