D'Suitten vum Corona-Impfmëttel AstraZeneca

17/02/2021
D'Suitten vum Corona-Impfmëttel AstraZeneca
Play

Den Impfstoff vun AstraZeneca veronséchert d'Leit den Ament. An Niedersachsen, zum Beispill, gëtt en net méi gesprëtzt, well Leit déi domadder geimpft goufen, drop reagéiert hunn, zum Beispill mat Kappwéi, Schüttelfrost a Féiwer. An engem Spidol zu Braunschweig haten sech 37 vun 88 Leit vum Personal no der Impfung krank gemellt... ongënschteg zu dësen Zäiten am Gesondheetssecteur. Den däitsche Gesondeetsminister Jens Spahn huet gëschter ënnerstrach, datt de brittesch/schwedesche Produit sécher an effikass ass an datt och hien sech domadder géif impfe loossen, wann hien eng Invitatioun kréich. "Sécher an effikass" dat confirméiert och den Professer Markus Ollert aus dem Luxembourg Institute of health, Dany Rasqué.